top of page

Hey, dat sinn Ech,
äer Fotografin!

 

Hallo dir Léiwer,

 

Ech sinn d'Mandy, leidenschaftlech Famillienfotografin an d'Gesiicht hannert KreativKëscht Photography.

Ech hun 34 Joër, sinn diploméiert Erzéiherin a wunnen zesummen mat mengem Mann an eisem klenge Bouf an der Gemeng Schengen.

Kreativkescht Photography Mandy Riehl
Kreativkescht Photography Mandy Riehl

Meng Leidenschaft fir d'Fotografie

Meng Leidenschaft fir d'Fotografie hun ech gefillt schon emmer a mir gehaat. Dës gouf mir souzesoen mat an d'Wéih geluecht. Vu menger eegener Kandheet ginn et esou vill Fotoen an Videoen, woufir ech mengen Elteren onendlech Dankbar sinn - M E R C I ! 

 

Mäin éichten eegene Fotoapparat, eng kleng Digitalkamera, hat ech och schon relativ frei, sou dass ech och an menger Jugend schon ganz vill Momenter festhaalen konnt. An natierlech hun ech des Fotoen och haut nach alleguerten op enger Festplatt gespäichert, sou dass de Sproch 'Wann nach een Fotoen vun demols huet, dann d'Mandy' net vir näischt entstaanen ass.

Mat der Gebuert vun eisem klengen Butz, an eisen eegenen Shootingen, déi mir bei wonnerbaren Fotografinnen haten, ass dun emmer méi de Wonsch opkomm, aaner Famillien och esou schéin Arennerungen festzehaalen.

Et gett fir mech näischt méi Schéines, wéi Ierch fotografësch op äerem Wee ze begleeden an ierch onbezuelbar Arennerungen ze schaafen.

D'Liewen waart net - verpasst net d'Chance, zesummen e puer schéin Momenter fir emmer anzefänken.

 

Ech géif mech freeën, ierch kennenzeléieren.

Wertvoll Momenter,
onbezuelbar Arennerungen


Mat Léift festgehaalen 

NATIERLECH, ECHT AN AUTHENTESCH

Kreativkescht Photography Mandy Riehl
bottom of page